France Canet Plage 2

Fun & Camping

Chillen bei herrlechem Wieder an engem Programm deen ee selwer kann mat gestalten.

En Kilometer laangen Sandstrand, super Mëttelmierklima an en herrleche Panorama an Kombinatioun mat Waassersportaktiviteiten, kulturellen Ausflich a motivéierte Moniteuren. Dat richt no „Fun“ pur zu Canet-Plage op der eenzegaarteger Mëttelmierküst um Fouss vun den Pyrenäen am Frankräich. Dës Ëmgéigend ass den idealen Ausgangspunkt fir d’Mëttelmierküst kenne voll ze genéissen.

Onsen 4 Stären Camping „Ma Prairie“ läit an enger roueger Géigend vun Canet. Deen herrleche Strand an och de Stadszentrum sinn mam Bus a manner ewéi 15 Minutten ze erreechen. Camping heescht awer och selwer kachen, spullen an am Zelt iwwernuechten. Wien also léiwer ënnert dem fräien Himmel ze Nuecht ësst, léiwer aktiv seng Vakanz verbréngt an net sech am Hotel well verwinnen loossen, deen ass hei genau richteg.

Vakanz ewéi Gott am Frankräich…

France Canet Plage 2
16/08/2020 - 31/08/2020 (15 Tage) 16 Kinder 15 - 17 Jahre Vollständiger Preis : 900 € - Moderater Satz : 675 € Bitte kontaktieren Sie uns