Groningen 2

Vakanz fir die Aktiv …

Och dëst Joer fuere mer erëm op Wehe den Hoorn an d’Haus „Energiek“, um nördlechsten Zipfel vun Holland. Dat aalt Bauerenhaus ass speziell op d’Besoine vu Gruppen ausgeriicht. Gemittlech Schlof- an Obenthaltszëmmer, eng grouss a voll équipéiert Kichen zum sëlwer kachen, an eng riesech Wiss hannert dem Haus lueden zum gemittleche Zesumme sinn an.

Wehe den Hoorn ass en typescht Duerf am West Friesland, mat senge Grachten, sengen typesche Wandmillen a wie kann et net aneschtes sinn, kilometerwäit Vëlospisten. Wehe den Hoorn läit nëmmen eng 10 Kilometer vum Wattenmeer ewech, wou ee mam Vëlo ka gemittlech hifueren.

Di optimal Lage erméiglechen onzähleg Vëlostouren, eenzegaarteg Kayakfahrten an eemoleg Ausflich. Ee vun den Highlights vun dëser Vakanz wäert sécher eng Wattwanderung sinn, wou een d’Méiglechkeet wäert kréien all Zorte vu Kriibsen, Muschelen a Fësch ze gesinn, a mat e bësse Chance och di eng oder aner Robbe.

Eng optimal Mëschung fir Aktiv Läit.

Groningen 2
01/08/2020 - 14/08/2020 (13 Tage) 25 Kinder 13 - 15 Jahre Vollständiger Preis : 650 € - Moderater Satz : 480 € Bitte kontaktieren Sie uns