Des Vakanz riicht sech un jonk Läit mat engem Handicap ab 16 Joer. An engem flotten Kader, onst Vakanzenhaus d’Sandkaul läit 400 Meter vun der Plage ewech, bidden mir hinnen e puer Deeg Vakanz zesummen mat Gläichgesënnten.
Hei kann jiddereen sech erhuelen, sech ameséieren, Spaass hunn, an dëst an engem deenen jeeweilegen Besoinen ugepassten Rhythmus. Begleet ginn die jonk Läit vun jonken Bénévole vum Jugendroutkräiz, die hei zesummen mat hinnen e puer flotter Deeg wëllen verbréngen. D‘Aktivitéiten sinn un die jeeweileg Handicap ‘en vun den Participanten ugepasst.
Mir maachen flott Spazéiergang duerch d’Dünenwelt, gi Minigolf spillen, Gokart fueren, buddelen um Strand, Schokki drénken op der Digue mat engem gudden Eisekuch, an en Besuch am bekannten Plopsaland ass och geplangt.
Mir freeën ons zesummen mat dir op eng flott Vakanz!