Du waars schonn ëmmer en Abenteuerer an hues och schonn bal alles matgemaach? Et feelt dier just nach en Segeltörn mat engem richtege Segelboot? Dann bass du hei genau richteg! Den Zwee-mastklipper „Dageraad“ ass 41 Meter laang a gehéiert zu de gréissten an originellsten hollännesche Charterschëffer iwwerhaapt. Alles op dësem Schëff ass grouss, de Salon dee fir di gemeinsam a selwer preparéiert Seemannskascht benotzt gëtt awer och d’Schëffskichen an där mir wäerte selwer kachen.
Di ganz besonnesch Atmosphär op dësem Schëff wäerte mer während deenen 14 Deeg zesumme fillen an och selwer beaflosse kennen. Zesummen d ‘Segele setzen, d’Iessen virbereeden a wann et muss sinn och den Deck schruppe sinn nëmmen e puer Aufgaben di ons vun engem erfahrene Skipper wäerte geleiert ginn.
Jee nodeems wei d’Wieder ass an de Wand dréinen, segele mer um Ijsselmeer, fueren op di frieseschInselen an d’Nordmier oder loossen ons op engem vun deene ville Kanäl einfach nëmme mat der Stréi-mung dreiwen. Een Highlight vun dëser besonnescher Rees wäert sécher sinn datt mer ons um Wattenmeer „dréchen“ fale loossen sou datt jidderee ka vum Schëff goen ouni d ‘Féiss naass ze kréien!
D‘Mier an all senge Variante genéissen!