Reiden zu Kell am See

Vakanz am Suedel zu Kell am See

Schon eng kéier Loscht gehat Reitsport ze bedreiwen? Awer net nëmmen dat. Kloteren, schwammen, allgemeng deng Energie eraus loosse seet dir zou? Dann bass de hei bei der Kolonie „Fronhof beim Kell am See“ genau richteg. Op dem Reithaff gëtt et ee risegen Ugebuet vu Ponyreiden, Reitspieler an Ponyspieler – an dat alles um schéinen „Fronhof“, direkt beim Séi. Awer et erwaarden dech net nëmme Reitsport mee och een ofwiesslungsräiche Fräizéitprogramm, spannend Aktivitéite vir matzemaachen, nei Kollege kenneléieren, neies leieren a lecker Verfleegung.

Erlief eng flott Zäit zesumme mat den treie Véierbeener a maach dech gefaasst, well di Reitkolonie wäert dech aus dem Suedel rappen.

Des Vakanz richt sech un Kanner zwëschen 8 an 12 Joer. Et ass net ausschlaggebend, ob du di al-leréischte kéier mat Pony oder Päerd a Kontakt kenns oder schonns ee Profi bass.

Dat géif dir gefalen? Dann schreif dech schnell an!

Reiden zu Kell am See
22/08/2020 - 29/08/2020 (7 Tage) 23 Kinder 9 - 12 Jahre Vollständiger Preis : 500 € - Moderater Satz : 375 € Zugänglich für Kinder mit Behinderungen