«An de Alpen kraxele bis op de Gipfel!» Wien huet net schonn dovunner gedreemt op déi héchste Bierger ze kloteren? Zu Wagrain am Salzburger Land hu mir zwar net déi héchsten, mä wuel awer mat déi schéinste Bierglandschaft aus Éisträich.
Ob mat der Seelbunn, zu Fouss oder mam Zuch: d ‘Haaptsaach ëmmer a Beweegung. Et ginn eng Onmass vu Méiglechkeeten am Summer déi Bierger ronderëm Wagrain ze entdecken. All deenen di Bierger just vum Wanter hier kennen, am Summer ass d‘Biergwelt nach méi spannend.
Als Ausgangsbasis déngt ons d’Jugendhotel Aicher zu all onsen Aktivitéiten an wou mir no engem spannenden Dag kenne chillen bis an d’Nuecht eran. Flott Spiller an Aktivitéiten déi vun denger Moni-teurséquippe organiséiert ginn an flott Ausflig, wei ënnert anerem d’Eisriesenwelt bei Werfen, , Salzburg, d’Gebuetsstadt vum Wolfgang Amadeus Mozart, den Hochseilgarten Kesselfall, oder wanderen um Grafenberg an mat der Seelbunn vun engem Gipfel op deen aneren fueren. Eng Vakanz voller Action an awer och chillen an dech erhuelen stinn um Programm.
Hues du Loscht matzekommen? Dann mell dech schnell un!