Bass du op der Sich no enger Organisatioun, an där s du aktiv kann s ginn an dech
sozial engagéieren kann s? Da bass du beim Jugendroutkräiz genau richteg. Komm op
eisen MEET & GREET a léier d’Jugendroutkräiz kennen! Hei kriss du all Informatiounen
iwwert Kolonien, Formatioun Animateur;trice, Projeten a fräiwëllegt Engagement.
Virun allem léiers du nei Leit kennen, déi deng Interessien deelen. Moniteuren;tricen
a Formateuren;tricen, déi scho laang Deel vum Jugendroutkräiz sinn, erzielen dir alles
wat s du wësse wëlls an deelen hir Erfarunge mat dir. Trau dech a mell dech séier op:
vacances@croix-rouge.lu. Dëse Weekend ass däin éischte Schratt um Wee an déi
weltwäit Beweegung vum Roude Kräiz. Den MEET & GREET ass obligatoresch fir de
Brevet B.
Brevet B
Meet and Greet -1 Référence : 2025-1